Young People and Covid-19 II: Entwécklungen 2020 bis 2021, Impfbereetschaft an Auswierkunge vun der Pandemie

Virleefeg Resultater vun enger representativer Ëmfro bei Jugendlechen a jonken Erwuessenen zu Lëtzebuerg

Caroline Residori, Lea Schomaker, Robin Samuel, Roger Fernandez-Urbano

D’Zil vun der YAC-Etüd vun der Universitéit Lëtzebuerg ass et, d’Situatioun vun de jonke Mënschen am Alter vun 12 bis 29 Joer zu Lëtzebuerg wärend der Pandemie, ëmfaassend an iwwer e puer Moosspunkten (2020, 2021, 2024) eraus, duerzestellen.
Den aktuelle Rapport beschreift op der Basis vun dëse virleefegen Donnéeën, wéi jonk Mënschen zu Lëtzebuerg d’Situatioun insgesamt bewältegen, wéi besuergt si wéinst COVID-19 sinn, mee och, wéi jonk Mënschen zu Lëtzebuerg d’Moossnamen fir d’Bekämpfung vun der COVID-19-Pandemie bewäerten. Ausserdeem sollen an der aktueller Ausgab d’Astellunge vu jonke Mënschen zu Lëtzebuerg zu COVID-19-Impfungen an den Auswierkunge vun der COVID-19-Pandemie an den domat verbonnene Moossnamen op verschidde Liewensberäicher, wéi z.B. mental Gesondheet, d’Zesummeliewe mat der Famill oder d’schoulesch Leeschtungen, presentéiert ginn. D’Resultater ginn – esouwäit méiglech – mat de Resultater aus dem Rapport vum leschte Joer a Relatioun gesat, fir méiglech Verännerungen opzeweisen.

Suggested Citation

Schomaker, L., Residori, C., Fernandez-Urbano, R. & Samuel, R. (2021). Young People and Covid-19 II: Entwécklungen 2020 bis 2021, Impfbereetschaft an Auswierkunge vun der Pandemie: Virleefeg Resultater vun enger representativer Ëmfro bei Jugendlechen a jonken Erwuessenen zu Lëtzebuerg. Esch-sur-Alzette. Universität Luxemburg (UL); Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse (MENJE).

https://doi.org/10.17605/OSF.IO/WXKUJ

Related projects